Beim Junior Project Award haten d’Equipe vum LAML vill Erfolleg.
Di jonk Entrepreneure verginn den Award all Joer fir Projet’en mat kulturellen, karitativen oder écologischen Ziller.
Di nei LAML-Grupp Respekt huet in der Kategorie “classes supérieurs” den drëtte Präis geholl. Schüler a Schülerinnen aus dem S-Team, dem SCAM an dem GIN, Aiko Brandenburger, Alyssa Ventura, Caty Coimbra Rodrigues, Emma Fairbarns, Juliette Gangschow, Lara Pedrosa, Mory Luka, Manolie Clerbaut, Nora Krettels, Sam Elsey a Toni Salomon, hu sech dëst Joer zesummegedoen, fir de Respekt ze fërderen; Respekt vis à vis vum Gebai, der Ëmwelt an och Respekt virun aner Leit. Hiere Film fir eng propper Schoul gouf op ville Klasse gewisen. D’JEL huet hire fräiwëllegen Engagement mam Junior Project Award honoréiert.
Eis Défi-Schüler vun der 7e hu bei de Junioren ofgeraumt. De Léo Ensch vun der 7C3 huet mat dem Bau vun engem SunUpcycling Tracker de Concours fir de Cycle inférieur gewonnen. An d’Kassandra Tagheu Chakam an d’Ema Simon hu mat hire Bicher, di si fir den Défi produzéiert hunn, d’Jury beandrockt. Och d’Klass 5P stoung mat hirem Projet “Le Jardin d’Aline” ganz houfreg an der Finall.