ALAM
Die ALAM ist die Vertretung der ehemaligen Schüler des Lycée Aline Mayrisch. Den aktuellen Schülern stellen sie sich so vor:
„Mir sinn d’Ancienën aus dem LAML, mee sou al si mir nach guer net, well d’Schoul jo och nach jonk ass.
Mir organiséieren regelméisseg flott Aktivitéiten, wéi zum Beispill eise Fräibéier ëmmer am Dezember just viru Chrëschtdag.
Fir nach méi flott a virun allem nach méi Aktivitéiten kënnen ze organiséieren, brauche mir är Hëllef, soubal dir mat der Première fäerdeg sidd 🙂 .
Mir sinn awer net just do, fir ënnert eis a Kontakt ze bleiwen. Mir wëllen iech och hëllefen, wann dir Froen zu Uniën oder Héichschoulen hutt. Froen zu deene schéinste Studente-Stied beäntwere mir iech natiirlech och gär, an do sinn och ëmmer Insidertipps derbäi. Also zëckt nëmmen net, eis ze schreiwen op: anciens.laml@outlook.com.“